Wou ech hei grad op der Terrasse setzen, kennt eng kleng Kaatz laanscht getrëppelt ... ech soen hier frëndlech "Moien" ... an sie mecht et d'selwescht ... sie huet sou séier "Miau" gemaach dass sech daat ganzt wéi "Moin" unhéieren huet ... lo grad ass och nach eng Kannéngche laanscht gehoppelt ... am Hannergrond muuuuuhht och nach eng Kou ... an dem Nooper séng Kuckucks-Auer rifft zur voller Stonn ... wa lo nach eng Kou laanscht gelaaf kéim, géif mech daat net verwonnerent ... ech komme mer vir wéi am Zoo ...

Jojo, d'Welt vun den Déieren ass heiandsdo schon ganz schéi faszinéierend an amusant!