Den Albert Einstein soot eng Kéier

"Die reinste Form des Wahnsinns ist es, alles beim Alten zu lassen - und gleichzeitig zu hoffen, dass sich etwas ändert"


Wéivill kann ech mech an däer Saach eremfannen ... soe mer et esou: ech sin e lidderecht Stéck daat net gäeren Energie opbréngt vir vill a séngem Liewen ze veränneren ... an awer géif ech mer oft wenschen dass mäi Liewen an e puer Punkten aanescht wier wéi et lo ass .... mer virhuelen eppes ze veränneren, dee Wonsch hun ech schon, mee de Virsaatz elo wierklech eppes ze ennerhuelen, deen hällt keng 24 Stonnen.

Ech hoffen alt emmer dass sech vum selwen eppes deet, ouni dass ech daat eleng muss an d'Hand huelen ... daat ass fläit an däer Hinsicht "Wahnsinn" well ee selwer wees: "daat do ass net de richtege Wee" mee et ass een einfach net derzou bereed (oder einfach net de Mensch dervir) eppes gravéierendes ze veränneren.