An desem Blog wollt ech och bessi iwwer Bicher schwätzen déi ech sou d'Joer iwwer liesen (wann ech da mol derzou kommen).
Daat läscht waat ech elo geschriwwen hun ass vum Tony Hawks an heescht "Mit dem Kühlschrank durch Irland" (Produit bei Amazon)
Am résumé geet et dodrems dass den Auteur, den Tony mat engem Kolleg gewett huet, mat engem Frigo em ganz Irland ze trampe. Hien paackt also séng Saachen a mecht sech op de Wee.
Am groussen a ganzen soll een sech net en typeschen Irland-roman virstellen, an deem déi schéi Landschaft beschriwwe get ... et geet méi drëm ze gesin, wéi d'Leit an Irland vir eng Mentalitéit hun, wéi se e Friemen mat engem Frigo ophuelen (well den Tony muss sech all Daag eng nei Matfuergeleenheet sichen an eng Plaatz fir ze schloofen).
Mee am Endeffekt muss ee soen dass den Tony et wahrscheinlech vill méi schwéier gehaat hätt wann e kee Frigo bei sech gehaat hätt, well dee klenge Frigo huet em awer ganz vill Dieren opgemaach.

Daat Buch ass wierklech eppes fir Leit déi gäeren eppes witzeges Liesen. Ech hu mech plaatzeweis futti gelaacht, well de Auteur einfach sou e spezielle Style fir ze schreiwen huet. Hei ass e klenge komesche Kauz deen op eng ganz selbstironesch Mannéier beschreiwt wéi en sech mat de Leit an och de klenge Fettnäpfercher eremschléit ... et kann een dee Mann einfach nemmen sympathesch fannen.

Waat d'Leit awer net op Idée kommen :-) !!!