Jo déi For ass berechtegt ... zu Berlin gin et 2 Typen déi eng Vakanz vir Petzien ubidden, vir 4 Deeg. An deene 4 Deeg këmmeren sie sech em déi gestresste Petzien, fuere mat hinnen op eng SightSeeing Tour duerch Berlin, maache Photo'en vun hinnen déi d'Besëtzer herno kucke kënnen an d'Petzien kënne sech vun enger léiwer Madame masséiere loossen. Ass daat net herrlech vir déi léiw Déiercher :)

Hei geet et bei Petzi's Tour

Do stellen ech mer awer e puer Froen:

  • Wéi logéieren d'Petzien? An engem Bett oder einfach an engem Eck, all op engem Koup? Wann de Photoapparat vun deenen Typen aus ass, kënnen déi jo mat deenen aarmen, hëllefloosen Déieren maachen waat se wellen, se kënnen se einfach op e Koup schmäissen wou se dann drop waarden nees heem bei hier Famill geschéckt ze gin. Daat kann traumatesch sin vir sou e klengt Wiesen daat dru gewinnt ass an engem Bett ze schloofen oder souguer am Aarm vun séngem Besetzer ... sou en Kuscheldéier huet dach och Gefiller ...
  • Vir dass de Peti op Berlin kënnt, muss een en mat der Post schécken. Waat geschitt awer wa mol e Petzi an der Post verluer geet? Esou e léiw-gewonnen Gesell ass dach net ze ersetzen!!!! Deen huet schon alles mat engem duerchgemaach! Secher, et well een nemmen daat Bescht vir dee klenge Kolled, et well ee jo dass en sech mol bessi vun den Alldaags-Strapaatzen erhuele kann, mee waat wann en net méi heem kennt well en am Postsystem ënnergaangen ass? Oder nach schlemmer: waat ass wann de Petzi guer net méi heem well? Wann et em besser zu Berlin gefällt an sech e schéint Liewen do maache well?
  • Um Umeldungsformuläire muss een den Alter vum Petzi ugin .. mee waat ass mat Petzien ënner 18 Joer? Mussen déi net "in Begleitung eines Erwachsenen" reesen?

Mee et gin och Sonnerwënsch berücksichtegt ... wann äere Petzi dru gewinnt ass owes eng Geschicht virgelies ze kréien, dann get do an der Vakanz och keng Ausnahm gemaach. Och op "invalid" Petzien get uecht geholl.

Natierlech ass dee Spaass net gratis, et muss ee schon bessi eppes berappen vir säi Kuscheldéier an d'Vakanz ze schécken!

Mee bon, waat d'Leit net alles op Idée kommen vir Goss ze maachen!

Ech géif mäi Peti awer net matschécken!!!!